Ettelbréck / KarelshaffDéidlecht Accident mat 17 Joer alem Motocyclist

E Cyclist hat de jonke Mann nieft der Strooss leie gesinn.

Leschten Update: 03.08.2017, 18:37:52

© Police

Zu engem déidlechen Accident koum et de Mëttwoch am Nomëtteg tëscht Ettelbréck an dem Karelshaff. Wéi d'Police matdeelt ass do e 17 Joer ale Motocyclist ëm d'Liewe komm.

E Vëlosfuerer wier deemno géint 15.30 Auer a Richtung Ettelbréck gefuer, wéi en den accidentéierte Motocyclist an deem säi Moto e puer Meter vun der Strooss ewech leie gesinn hätt. Hien hätt dem jonke Mann direkt wëllen hëllefen an huet den Noutruff geruff.

Den Dokter an d'Rettungsdéngschter konnten awer just nach den Dout vum jonke Mann feststellen. D'Streck huet misste gespaart ginn.

De Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz.