Gratis Transport fir Studenten Problemer mam Immatrikulatiounsdatum geléist

De Freideg de Mëtteg sinn sech d'ACEL an den Transportministère eens ginn.

Leschten Update: 05.08.2017, 11:59:44

© Eldo

Vill Studenten haten sech u sech drop gefreet – fir näischt zu Lëtzebuerg mat Bus a Bunn kënnen ze fueren. Du gouf et Problemer bei verschiddene Studenten, wat den Datum vun der Unis-Aschreiwung betrëfft. Ma elo si sech d'ACEL an den Transportministère eens gi fir déi transitoresch Period ze iwwerbrécken.

Et war nämlech esou, dass ee bei der Umeldung eng Preuve fir d'Immatrikulatioun op enger Uni gebraucht hätt, déi bis 2018 gutt ass. An do hätt et dem Vize-President vun der ACEL Laurent Heyder no Verständnisproblemer mam Ministère ginn.

Dës Fuerderung gouf eréischt de Mëttwoch op der Säit vun der Mobilitéitszentral dobäigeschriwwen. De Problem dobäi: Déi meeschte Studenten hunn de Moment Vakanz a kënnen sech deelweis eréischt am September fir dat neit Semester aschreiwen. An Däitschland sinn d'Aschreiwunge fir verschidden Unien esouguer nach méi spéit.

Fir elo déi transitoresch Period ze couvréieren ass een sech du mam Ministère eens ginn, dass fir déi éischten Aschreiwung dëst Joer d'Immatrikulatioun vum leschte Semester duergeet. Domat kënnen dann all Studenten, déi de Moment ageschriwwe sinn vun dësem Mount bis den 31. Oktober 2018 gratis mam ëffentlechen Transport fueren.

Déi zukünfteg Studenten, déi fir déi éischte Kéier op eng Uni ginn, kéinten dem Ministère iwwerdeems nach mat der „myCard“ gratis den ëffentlechen Transport bis den 30. September 2017 huelen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Liest hei de ganze Communiqué:

En date du 6 janvier 2017, François Bausch, ministre du Développement durable et des Infrastructures, et Marc Hansen, ministre délégué à l’Enseignement supérieur et à la Recherche, avaient annoncé une gratuité du transport public pour les étudiants à partir de la prochaine année académique qui a commencé le 1er août 2017.

Dès lors, il s’est avéré que certains étudiants ne disposent pas encore d’une preuve d’inscription pour l’année académique 2017/18. Afin de couvrir la période transitoire pendant les vacances d’été actuellement en cours, les ministres ont convenu d’accepter également les preuves d’inscriptions de l’année ou du semestre écoulés actuellement encore valables pour permettre aux étudiants de voyager gratuitement dès ce mois d’août et jusqu’au 31 octobre 2018 et ainsi donner une suite favorable aux revendications des étudiants concernés. Vu que le «Studentenabo» pour étudiant est valable jusqu’au mois d’octobre de l’année suivante, cette mesure transitoire ne s’applique que pour cette année 2017.

Les futurs étudiants qui entameront leurs études supérieures pour la 1re fois en automne 2017 et qui ont fréquenté un établissement secondaire pendant l’année scolaire 2016/17, peuvent encore voyager gratuitement avec leur «myCard» valable jusqu’au 30 septembre 2017.

Pour rappel, le formulaire de demande (disponible sur www.mobiliteit.lu) accompagné d’une preuve d’inscription auprès d’une université ou d’un établissement d’enseignement supérieur, peut soit être introduit auprès des guichets de la Mobilitéitszentral (gare de Luxembourg ou Esch-Belval), soit être envoyé au Verkéiersverbond. Le traitement du dossier et la confection d’une mKaart nominative prendront une dizaine de jours.

La mesure proposée par le gouvernement a été accueillie très favorablement par l’Association des cercles d'étudiants luxembourgeois (ACEL).