Wéinst Optrëtt op der KrimScooter-Membere riskéieren 8 Joer Prisong

D'Band war Headliner op engem Festival an der Regioun an dat huet der Ukrain guer net gefall.

Leschten Update: 07.08.2017, 07:44:09

© ANGELIKA WARMUTH / POOL / AFP

Déi däitsch Technoband Scooter huet wéi et schéngt Problemer mat der ukrainescher Justiz. D‘Membere riskéiere juristesch Konsequenze wéinst engem Optrëtt op der vu Russland annexéierter Insel Krim am Schwaarze Mier ze kréien, esou déi däitsch Noriichtenagence dpa déi sech op déi ukrainesch Noriichtenagence Unian berifft.  

D‘Ukrainesch Autoritéite gesinn d’Arees op d’Krim jo als schwéiert Vergoen. 

De Frontmann vun der Band H.P. Baxxter huet den Optrëtt op der Hallefinsel esou gerechtfäerdegt, datt een net aus politesche Grënn dohi gaange wier, mä just en Concert fir d’Fans hätt wëlle ginn. Déi däitsch Autoritéite sollen der Band elo juristesch zur Säit stoen.

D’Bandmembere vu Scooter riskéieren am schlëmmste Fall eng Prisongsstrof vu bis zu 8 Joer.