„Nature One“Een Doudegen an eng Gebuert op Technofestival

De Weekend hat eng Fra um Festival e Meedchen op d'Welt bruecht a een 20 Joer ale Mann ass ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 07.08.2017, 16:50:54

© THOMAS FREY / DPA / AFP

Beim Technofestival „Nature One“ am Hunsrück ass et de Weekend zu enger Gebuert an engen Doudesfall komm. Wéi d'Police matdeelt soll de Samschdeg eng Fra während dem Festival an ouni friem Hëllef e Meedchen op d'Welt bruecht hunn.

Eegenen Aussoen no wollt d'Fra näischt vun der Schwangerschaft gewosst hunn. D'Fra hätt sech du bei der Sanitéitsstatioun gemellt an do wier dunn eng Ambulanz geruff ginn. Wéi et heescht géif et deenen 2 gutt goen.

An der Nuecht op de Sonndeg koum et dann awer och zu engem Doudesfall. Deemno war en 20 Joer ale Mann schwaach gefall, den Dokter konnt de Mann awer net méi reaniméieren. D'Ursaach fir den Doud ass nach net kloer, d'Police geet awer net vu friemer Awierkung aus.