Mëssbrauchsfall duerch Virwëtz opgeflunnFra liest verdächteg SMSen a Fliger mat

Eng Fra huet am Fliger a Richtung San José d'Noriichte vun engem Mann dee virun hir souz gelies – an dunn d'Police alarméiert.

Leschten Update: 08.08.2017, 18:58:34

Op engem Fluch vu Seattle op San José huet eng Passagéierin e Mann an eng Fra iwwerfouert, déi am Verdacht stinn Kanner sexuell mëssbraucht an ausgenotzt ze hunn. Wéi d'“Huffington Post“ mellt hätt d'Fra um Fluch hannert engem Mann gesiess an deem seng SMS-Noriichte mat gelies.

Déi wieren der Fra no relativ „onberouegend“ gewiescht an hätten sech ëm de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner gedréint. D'Fra hat d'Diskussioun du fotograféiert an un d'Police weider ginn.

De Mann an d'Fra, déi als Babysitterin schafft an de Kontakt mat 2 Kanner vu 5 a 7 Joer soll hiergestallt hunn, mussen sech elo viru Geriicht veräntweren.