Eppelduerf-BeefortWann d'Police vu Schof ëmzéngelt gëtt...

Rien ne va plus en Donneschdeg de Mëtten um CR357. Och d'Police huet misse stoe bleiwen well eng Partie Schof d'Strooss blockéiert hunn.

Leschten Update: 14.08.2017, 05:28:38

© Police Grand-Ducale / Facebook

En Donneschdeg de Mëtten ass et um CR357 tëscht Eppelduerf a Beefort net méi viru gaangen. Och den Déngschtauto vun der Dikrecher Police huet misse stoe bleiwen....eng Partie Schof waren ausgebeckst an haten d'Strooss blockéiert.





D'Schof goufen dunn nees sécher op hir Weed bruecht. Och wann et e bësse gedauert huet...