Drogen fir d'Promi'en?Police fënnt 2 Tonne Cannabis op Luxusjacht

Enquêteuren hunn a Griicheland 2 presuméiert Dealer mat engem Schëff voll Cannabis erwëscht.

Leschten Update: 14.08.2017, 05:34:26

© afp

A Griicheland hunn Enquêtueren op enger Luxusjacht zwou Tonnen Cannabis konfiskéiert. 2 presuméiert Drogendealer goufe festgeholl. Den Duo hat d’Drogen an Albanien gelueden. Wouhin et dono goen soll, wier onkloer. D’Enquêteuren ginn dovun aus, dass d’Drogen  fir eng Insel an der Ägäis bestëmmt war, wou Promi’en a Millionären hir Vakanz verbréngen.