Matten am EeërskandalBelsch Stad Malmédy organiséiert een Omelett-Festival

Di belsch Stad Malmédy feiert matten am Eeër-Skandal een Omelett-Festival.

Leschten Update: 15.08.2017, 08:47:29

© afp

Matten am Eeër-Skandal feiert di belsch Stad Malmédy een Omelett-Festival. Wéi d’Organisateuren matgedeelt hunn, soll dee Festival wéi all Joer de 15. August ofgehale ginn. 10.000 Eeër ginn fir di Risen-Omelett gebraucht- an déi dierfen natierlech op kee Fall mat Fipronil belaascht sinn. Guer net sou einfach- well den Skandal huet seng Originne jo eben grad an der Belsch an an Holland.