1. Dag e-Lake a PicadillyKeng gréisser Asäz fir d'Police

Mat Ausnam vun e puer Kläppereien haten d'Beamten um éischten Owend vum e-Lake a vum Picadilly keng gréisser Asäz.

Leschten Update: 14.08.2017, 05:28:47

Wéi d’Police matdeelt, gouf et um éischten Owend vum e-Lake a vum Picadilly keng gréisser Problemer.  Mat Ausnam vun e puer Kläppereien an ze vill Alkoholkonsum goufen et keng gréisser Asätz fir d’Beamten. Um e-Lake war de passive Drogenhond vun der Police am Asaz. E puer Persounen goufen wéinst Drogebesëtz ermëttelt a protokolléiert.