Brandstëftung net ausgeschlossZu Munneref stoungen iwwer 100 Heeballen a Flamen

Zu Munneref hunn dëse Samschdeg op engem Feld 110 Heeballen gebrannt. D'Police schléisst Brandstëftung net aus.

Leschten Update: 15.08.2017, 08:47:27

Op engem Feld zu Munneref – net wäit ewech vum Futtballsterrain - stoungen um 6h dëse Samschdeg eng 110 Heeballen a Flamen. D'Pompjeeën hu versicht d’Hee kontrolléiert ofbrennen ze loossen. Brandstëftung gëtt net ausgeschloss. Dofir gouf och d’Brandsektioun vun der Police an d’Spuresécherung op d’Plaz geruff. Virun 3 Wochen haten jo schon Heeballen op der Musel gebrannt.