Alkoholskontrollen zu Feelen an zu Ettelbréck8 Führerschäiner agezunn

Bei Alkoholskontrollen zu Feelen an zu Ettelbréck goufen 559 Chauffeure getest. 8 Mol gouf de Permis nach op der Plaz agezunn.

Leschten Update: 14.08.2017, 05:34:23

© eldo archiv

Zu Feelen an zu Ettelbréck huet d’Police e Samschdeg den Owend tëscht 22h an 2h Alkoholskontrolle gemaach. Am Ganze goufen 559 Chauffeure kontrolléiert. An 18 Fäll war den Test positiv, 13 Protokoller goufe geschriwwen an 8 Mol gouf de Permis nach op der Plaz agezunn.