Eeër-Skandal20 Tonne kontaminéiert Eeër a Spuenien fonnt

Och a Spuenien goufen elo mat Fipronil kontaminéiert Eeër fonnt.

Leschten Update: 14.08.2017, 06:29:40

© dpa/AFP/Archiv/Carmen Jaspersen

Am Fipronil-Skandal sinn eng éischte Kéier och a Spuenien kontaminéiert Eeër entdeckt ginn.

De lokale Medien no goufen an engem Betrib am Baskeland 20 Tonnen kontaminéiert Flësseg-Eeër aus Frankräich fonnt.

Wéi et heescht wieren dës awer net verschafft ginn an och net an den Handel komm.