No Nordkorea-MenaceGëtt dem Trump säin Twitter-Account gespaart?

Dës Fro stellt den US-Schauspiller Kal Penn un Twitter. Senger Meenung no verstéisst hie géint d'Twitter-Regelen.

Leschten Update: 15.08.2017, 08:47:24

© AFP/JIM WATSON

Den US-President Trump huet Nordkorea jo e Freideg via Twitter mat enger Militärattack gedreet.

Elo fuerdere vill Leit dass dem Trump säin Twitter-Account gespaart gëtt.

Ënnert anerem och den US-amerikanesche Schauspiller Kal Penn bekannt aus de Filmer Harold and Kumar oder aus der Serie Dr House. Him no géif den US-President géint Twitter-Regele verstoussen. De Konditiounen no ass d’Menace vu Gewalt nämlech verbueden a genee dat huet den Trump jo gemaach andeems hien Nordkorea mat engem Krich gedreet huet.