USAAuto rennt bei Anti-Nazi-Demo a Grupp vu Mënschen

1 Fra ass dobäi ëm d'Liewe komm. Donieft war nach een Helikopter vun der Police ofgestierzt, bei deem 2 Mënsche gestuerwe waren.

Leschten Update: 14.08.2017, 05:28:36

© PAUL J. RICHARDS / AFP

Gewaltausbréch tëscht Demonstrante mat 35 Blesséierten an 3 Doudeger gouf et e Samschden bei enger Manifestatioun vun der rietsextremer Zeen zu Charlottesville am US-Bundesstaat Virginia ze bekloen.

© PAUL J. RICHARDS / AFP

Während der Versammlung “Unite the Right” war en Unhänger vum Ku Klux-Klan an ee Grupp vu Géigendemonstrante mat sengem Auto gerannt an huet eng 32 Joer al Fra déidlech verwonnt, 35 Persounen goufe blesséiert, 19 dovun méi schwéier.

Den FBI huet eng Enquête lancéiert. En 20 Joer alen Mann gouf an deem Kontext da festgeholl. Scho während der Manifestatioun war et zu Handgräiflechkeeten tëscht béide Lager komm.

© PAUL J. RICHARDS / AFP

2 weider Doudeger gouf et nodeems en Helikopter vun der Police bei Charlottesville ofgestierzt war. Detailer heizou si nach net bekannt.



Zimlech vill Kritik gouf et vu béide Säite fir de President Donald Trump, deen op Twitter zwar säi Bäileed fir déi Hannerbliwwe vun den Affer ausgeschwat huet, ma awer d’Versammlung vun der rietsextremer Zeen net veruerteelt huet. De President hat hei vu Gewalt aus deenen 2 Lager geschwat.



En direkt Verhältnis tëscht dem Donald Trump an dem Rietsextremen-Gruppéierungen an den USA, wéi d'Alt-right oder eben dem Ku Klux-Klan gëtt et jo net, ma awer gouf et grouss Freed an der Zeen nodeems den Donald Trump am Oktober d'lescht Joer zum President gewielt gouf. Kritiker geheien dem President vir sech net genuch vun hinnen distanzéiert ze hunn an als Zort Hoffnungsdréier ze gëllen.

Hannergrond vun der Demo war d’Fuerderung vun de Rietsextremen un d'Statsverwaltung en Denkmal vum Südstaaten-Generol aus dem US-Biergerkrich Robert E Lee ewech ze huelen, deen sech am Sezessiounskrich fir d’Sklaverei agesat hat.