Déidleche FamilljesträitMann bréngt säi Cousin mat engem Samuraischwert ëm

Dat zu Kürten a Nordrhein-Westfalen. Den Täter hat sech de Police direkt gestallt. Eng Mord-Komissioun bekëmmert sech elo ëm de Fall.

Leschten Update: 14.08.2017, 05:28:50

© TOSHIFUMI KITAMURA / AFP

En déidlecht Enn hat ee Familljesträit tëscht 2 Kosengen zu Kürten an Nordrhein-Westfalen. En 38 Joer ale Mann hat no enger verbaler Ausernanersetzung d’Fassung verluer an säin 48 Joer ale Cousin mat engem Samuraischwert ugegraff an déidlech verwonnt.

Fir den Mann koum all Hëllef ze spéit, hien ass ass nach virun der Arrivée vun de Rettungsdéngschter verstuerwen. Den Täter gouf ouni sech ze wiere vun der Police verhaft a koum en Samschde virun den Untersuchungsriichter.