Waasserbëlleg-MompechChauffer flitt aus der Kéier a gëtt uerg blesséiert

Wéinst der naasser Strooss an der wuel ze héijer Vitesse, huet e Chauffeur d'Kontroll iwwert säi Won verluer an e Bam ze pake krut.

Leschten Update: 15.08.2017, 08:47:20

© Eldoradio

Schwéier blesséiert gouf en Automobilist e Sonndeg de Mueren um 3 Auer, dat op der Streck tëscht Waasserbëlleg a Mompech. Op der genannter Streck huet de Chauffeur an enger Lénkskéier während staarkem Reen an ze héijer Vitesse d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer.

D’Gefier ass dobäi riichtaus an de Bësch gaangen a krut mat der lénker Säit e Bam ze paken. Wéi gesot gouf de Chauffeur dobäi uerg blesséier, schwieft allerdéngs net a Liewensgefor.

Méi uerg gouf dann och e Vëlosfuerer an der Stad, méi genee an de Montée de Clausen blesséiert. Wéi d’Police mellt, wier dëse géint 1 Auer an der Nuecht mat héijer Vitesse de Clausener Bierg erofgefuer an hätt dobäi den Trottoir ze pake krut.

Dobäi huet de Cyclisten sech direkt e puer mol iwwerschloen an sech schwéier um Kapp blesséiert. Hien koum an d’Spidol.