6 nei PetitiounenEng Vitesslimitatioun vun 180km/h gëtt gefuerdert

E Petitionnaire fuerdert, dass während der Nuecht d'Vitesslimitatioun op ganzer 180 Stonnekilometer an d'Luucht gesat gëtt.

Leschten Update: 06.09.2017, 08:08:19

© Wikimedia Commons

En Dënschdeg goufen am ganzen erëm 6 nei Petitiounen um Site vun der Chamber publizéiert.

Eng Petitioun déi wuel fir méi Diskussioune suerge kéint ass déi vun der Vitesslimitatioun an der Nuecht.

Dës soll nämlech op 180 Stonnekilometer erhéicht ginn. Déi aner Petitiounen dréien sech ëm d’Parken op Liwwerplazen, de Nuets-Zouschlag bei Apdikten dee soll ewechgelooss ginn oder d’Ewechloosse vun de Wahlbezierker zu Lëtzebuerg.

Detailer zu de Petitioune ginn et jo eréischt dann, wann dës de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften areecht hunn an dann och an der Chamber mussen diskutéiert ginn.