RyanairKee gréissert Handgepäck méi gratis an der Kabinn

Well d'Reegele fir d'Handgepäck ausgenotzt goufen an et doduerch dacks zu Retarde komm ass, muss een elo fir en 2. Gepäckstéck bezuelen.

Leschten Update: 08.09.2017, 08:06:34

© PHILIPPE HUGUEN / AFP

D'Bëllegfluchlinn Ryanair huet hir Reegele fir Gepäck geännert. An Zukunft dierfen deemno nëmmen nach kleng Kierf gratis mat an d'Kabinn, all méi grousst Handgepäck muss een da beim Gate ofginn.

Domat wëllt Ryanair op Verspéidunge reagéieren heescht et op der Internetsäit vun der Fluchlinn.

Bis elo war et esou, dass ee Gepäckstécker bis zu enger gewësser Gréisst huet dierfe mat u Bord huelen. Dat hätten awer vill Leit ausgenotzt, esou de Marketingchef Kenny Jacobs géintiwwer dem britesche „Guardian“. Déi hätten dann eng kleng Wallisse an nach e Rucksak matbruecht, deen awer dann net ënner de Sëtz gepasst hätt.

Fir krank Leit oder Leit mat Kanner gëllen dës Reegelen iwwerdeems net.

Ween sech awer decidéiert en zweet Gepäckstéck mat u Bord ze huele bezilt da 5 Euro méi.