Illegale StreamingBedreiwer vu "kinox.to" festgeholl

Wéi déi däitsch Police matdeelt, hätt de Krehnik S. sech scho Mëtt Juli der Police gestallt... Säin Brudder ass nach op der Flucht.

Leschten Update: 13.09.2017, 17:49:21

© kinox.to

No praktescht 3 Joer op der Flucht huet sech de Bedreiwer vun der bekannter illegaler Internet-Streaming-Säit kinox.to fräiwëlleg der Police gestallt.

Wéi e Porte-Parole vum Parquet zu Dresden dem "Handelsblatt" confirméiert huet, wier de 24 Joer jonke Kreshnik S. schon den 12. Juli zu Pristina, der Haaptstad vum Kosovo festgeholl ginn. Dat net wäit vun der däitscher Ambassade.  

De Bedreiwer vu kinox.to soll dann elo un Däitschland ausgeliwwert ginn. Säin 3 Joer méi ale Brudder ass iwwerdeems weiderhin op der Flucht.

De Bridder gëtt ënnert anerem Verstéiss géint Copyright-Gesetzer, Steierhannerzéiung, Erpressung a souguer Brandstëftung virgehäit.

Ënnert anerem ginn d’Bridder verdächteg, och hannert de Sitte Shared.sx, Bitshare.com oder Movie4k.to ze stiechen.

Dës Sitten, genee wéi kinox.to, si jo dofir geduecht, fir iwwert Linken op Streame vu Filmer a Serië geleet ze ginn. D'Streamen an d'Diffuséiere vun esou Filmer ass jo streng verbueden.