Graffiti vu Kënschtler op engem PlakatDiskussioune wéinst CSV-Wahlplakat

De Kënschtler Stick ass net begeeschtert dat d'CSV fir ee Wahlplakat en Hannergrond benotzt huet, wou een ee vu senge Graffitis gesäit.

Leschten Update: 14.09.2017, 13:45:13

© Yvlo Stick / Facebook

An de soziale Medien gëtt de Moment iwwert ee Wahlplakat vun der CSV diskutéiert, op deem ee Graffiti vum Kënschtler Stick ze gesinn ass. Konkret geet et ëm eng Foto wou een de Serge Wilmes, CSV-Spëtzekandidat an der Stad, gesäit. Am Hannergrond vun der Foto ass eben e Graffiti vum Kënschtler ze gesinn. Dee betraffene Kënschtler huet op Facebook drop higewisen dass hie net vun der CSV gefrot gouf, ob si dësen Hannergrond fir eng Foto am Kader vun der Wahlkampagne fir d‘Gemengewahlen dierfte benotzen.





Wéi de Serge Wilmes de Mëttwoch de Mëtteg dann a senger Stellungnam matgedeelt huet, hätt hie scho perséinlech mam Artiste geschwat an et hätt een do seng Positioun kënnen austauschen. Mat der politescher Iwwerzeegung vum Artist hätt déi concernéiert Foto deemno och näischt ze dinn.

Lauschtert hei dem Serge Wilmes seng Erklärung!


Wéi verschiddene Leit an de sozialen Netzwierker awer opgefall ass, goufen et eng Rëtsch Retuschen um endgëltege Walplakat, ënner anerem gouf d'Signature vum Kënschtler ewechgemaach.




Pressecommuniqué CSV Stad

Modern, fuerweg, multikulturell

Modern, fuerweg, multikulturell - dat ass wéi mir d’Stad gesinn.

Verschidde Plakater an der Wahlcampagne weisen e Bild vum Spëtzekandidat, der CSV an hirem Slogan „Ons Stad liewen“.

E wichtegen Deel vum Liewe vun der Stad si fir ons Start-up Entreprisen an déi kreativ Industrie. Keen bessere Site, ewéi d’Schluechthaus, kann dës Visioun verkierperen, well mir ebe grad op der Plaz en Zentrum fir dës Aktivitéite wëlle schafen.

Dofir steet de Spëtzekandidat op verschiddene Plakater um Trottoir virun enger Mauer vum Schluechthaus, déi mat Graffitien dekoréiert ass.

En Deel vun esou engem Graffiti ass als Hannergrond  op dëse Plakater ze gesinn.

An deem Kontext huet den Auteur vum Graffiti sech zu Wuert gemellt.

Ech hunn gëschter schon perséinlech mam Artiste, geschwat a mir konnten ons Positiounen austauschen.

Mat der politescher Gesënnung vum Artiste huet dat absolut näischt ze dinn.

 

Serge Wilmes, Spëtzekandidat vun der CSV Stad