JunckerLänner déi an der EU sinn, sollen och den Euro aféieren!

An der Ried zu der Lag vun der Unioun, huet den EU-Kommissiounspresident ënnerstrach, dass den Euro eng "Eenheetswährung" ass.

Leschten Update: 14.09.2017, 05:42:02

© PATRICK HERTZOG / AFP

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet de Mueren a senger Ried zu der Lag vun der Unioun betount, dass Länner déi der europäescher Unioun ugehéieren, och missten den Euro unhuelen.  

Den Euro wier dozou bestëmmt, eng eenheetlech Währung fir alleguerten d’EU-Memberlänner ze sinn, esou de Jean-Claude Juncker a senger Ried zu Stroossbuerg.




Länner déi an der EU sinn, den Euro awer net hunn, si Bulgarien, Dänemark, Kroatien, Polen, Rumänien, Schweden, déi Tschechesch Republik an Ungarn. Dobäi kënnt, dass d’EU weider wuesse soll: bis 2025 kéinten sou am ganze bis zu 30 Länner der Unioun bäigetruede sinn.

A Punkto Asylpolitik, wëll Bréissel gäre weider eng oppe Politik bedreiwen, déi Flüchtlingen sou gutt et geet an der Unioun ophëlt.