PoliceEng Partie Panzvollisten um Dënschden

3 mol war d'Police en Dënschden op alkoholiséiert Matbierger gestouss.

Leschten Update: 14.09.2017, 05:42:06

Archivfoto© Eldoradio

D’Police krut en Dënschden géint 17h40 vun de Mataarbechter vun enger Tankstell an der Arelerstross 4 staark alkoholiséiert Männer gemellt, déi versicht hate Blummen ze klauen. Wei d’Police sur place war goufen d’Männer opgefuerdert den Terrain ze verloossen, well awer ee vun hinne gemengt huet hie misst sech bei d’Strooss stellen an urinéiere koum d’Band fir een Owend an Arrest.

An der rue Pierre Kréier gouf eng Police Patrull dee selwechten Dag, knapp eng Stonn nom éischte Virfall op ee Mann géint 19h00 opmierksam, dee ronderëm getierkelt war a mat den Hänn an der Loft ronderëm sech geschloen hat. Wéi de Mann d'Police erbléckt hat gouf fir d’éischt eemol de Mëttelfanger ausgestreckt an d’Beamte beleidegt. Well de Mann eng Gefor fir sech an déi aner duergestallt huet koum hie fir een Owend an d'Entniichterungszell.

An an der Stroossbuerger Strooss war d’Police en Dënschden dann op ee weidere Panzvollist gestouss. Wéi sech erausgestallt hat gouf de Mann national vun der Police gesicht a koum fir d’éischt mol fir eng Nuecht mat op de Büro.