ADR / GemengewalenChristiane Kies reecht Demissioun eran

Wéinst enger Partie rassisteschen Aussoë gouf et déi lescht Deeg vill Diskussiounen op de sozialen Netzwierker. Elo huet d'Kandidatin demissionéiert.

Leschten Update: 14.09.2017, 13:45:16

© adr.lu

No enger Partie friemefeindlechen Aussoe vun der ADR-Kandidatin Christiane Kies, huet dës elo op den 13. September hir Demissioun aus der Partei agereecht.

D’Christiane Kies ass allerdéngs offiziell op der ADR-Lëscht fir d’Gemengewalen an der Stadt Lëtzebuerg, sou dass et aus rechtleche Grënn net méi méiglech ass Si aus der deponéierter Lëscht ze sträichen.

Dohier wäert déi concernéiert Kandidatin op der Lëscht bleiwen, dat allerdéngs ouni Partei.