Rentrée 2017/2018142.690 Schüler sinn ageschriwwen

Och fir d'Rentrée 2017/2018 sinn erëm méi Schüler an eise Schoule wéi déi Rentrée virdrun.

Leschten Update: 14.09.2017, 13:45:45

© afp

Wéi den Educatiounsministère matdeelt, ginn sech fir dëst Joer 49.151 Schüler an der Grondschoul erwaart, wat knapp 700 Schüler méi si wéi fir d’Rentrée 2016/2017.

Fir den Enseignement Secondaire gëtt iwwerdeems mat 36.380 Schüler gerechent. 11.890 Persoune sinn am Classique ageschriwwen, 24.490 sinn et der am Secondaire Générale, fréier Technique genannt.

Hëlt een d’Lycéeën an d’Grondschoulen zesummen, souwuel ëffentlech wéi privat Schoulen, wéi och ënnert anerem Formatiounen kënnt een dann op en Total vun 142.690 Schüler.

Enseignantë ginn et der iwwregens ronn 5.850 un der Zuel.

© MENJE

Links