Bonn (D)Mann fällt vu Riiserad a stierft

Beim Ofmontéieren vun engem Riserad ass e Mann an den Doud gefall. D'Police geet vun engem Accident aus.

Leschten Update: 14.09.2017, 05:42:10

© Christof STACHE / AFP

Zu Bonn an Däitschland ass um Mëttwoch de Mueren en Aarbechter bei Opbauaarbechten op engem Volleksfest ëm d’Liewen komm.

De Mann soll géint kuerz no 11 Auer Moies bei Aarbechten un engem Riserad ausgerutscht an erofgefall sinn.

D’Ermëttler ginn staark vun engem Accident aus, esou e Porte-Parole vun der Police.