ZeienopruffSträit tëscht Auto- a Vëlosfuerer eskaléiert

D'Police mécht en Zeienopruff am Kader vun engem Tëschefall tëscht engem Auto an engem Vëlosfuerer.

Leschten Update: 14.09.2017, 13:45:41

© ELDO

Wéi et heescht soll den Dënschdeg géint 17.50 Auer um Houwald e Chauffer hannert engem Vëlosfuerer gefuer sinn a permanent getut hunn.
Obwuel en hätt kéinte laanscht fueren, wier en awer hannert dem Cyclist bliwwen. De Chauffer hätt deemno am Auto wëll gestikuléiert.

Wéi de Cyclist dowéinst an d'“Allée Drosbach“ gefuer wier fir de Chauffer kënne laanscht ze loossen hätt deen e mat héijer Vitesse iwwerholl.

An der „Rue Neil Armstrong“ wier en dunn direkt op de Cyclist duergefuer. Well de Vëlosfuerer net hätt kënnen auswäiche wier de Vëlo beschiedegt ginn.

De Chauffer wier dunn aus dem Auto geklommen an tëscht béide wier et zur Diskussioun komm.

Du wier de Chauffer einfach fortgefuer.

D'Police sicht deemno no enger Fra mat engem roude Mantel a weidere Passanten, déi den Tëschefall eventuell matkrit hunn.

All Informatioune si fir d'Police ënnert dem 2442-1200.