EU-GeriichtshaffUerteel zu gentechnesch verännerte Liewensmëttel

Fir den Ubau vu gentechnesch verännerte Liewensmëttel kënnen ze verbidde muss nogewise sinn, dass e Risk fir Mënsch, Déier oder Ëmwelt besteet.

Leschten Update: 14.09.2017, 05:42:27

© JOEL SAGET / AFP

Eenzel EU-Staaten dierfen den Ubau vu gentechnesch verännerte Liewens- a Fuddermëttel nëmmen da verbidden, wann se virdrun nogewisen hunn, dass de Produit en eeschte Risk fir Mënsch, Déier oder Ëmwelt duerstellt.

Dës Viraussetzunge gëllen nieft den EU-Memberstaaten och fir d'EU-Kommissioun, esou den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg an engem Uerteel dat de Mëttwoch publizéiert ginn ass.

Grond fir d'Uerteel war eng Decisioun an Italien vun 2013 wou d'Land e Verbuet géint Monsanto-Genmais virgeholl hat. Zu Onrecht, esou d'Uerteel da vun de Mëttwoch.