Edward DayLeider 1 Verkéiersdoudegen

Den Edward Day ass u sech den europäeschen Dag ouni Verkéiersdoudegen. Leider gouf et hei zu Lëtzebuerg direkt moies een Doudegen op eise Stroossen.

Leschten Update: 22.09.2017, 15:33:31

© Police Grand-Ducale / Facebook

Eigentlech sollt den 21. September (Edward Day) den europäeschen Dag ouni Verkéiersdoudege sinn. Leider koum et hei zu Lëtzebuerg direkt Moies an der Stad zu engem déidleche Verkéiersaccident. Eng Fra gouf beim Boulevard Royal vun engem Camion ugestouss an huet dat ganzt net iwwerlieft. 

D'Police huet de ganzen Dag iwwer op ville Plazen uechter d'Land Präsenz gewisen a Kontrolle gemaach.

Sou gouf et ënnert anerem eng gréisser Kontroll beim Rondpoint Gluck um Houwald. Hei gouf virun allem gekuckt ob d'Leit de Gurt unhaten an ob se während dem Fueren telefonéiert hunn, respektiv den Handy am Grapp haten.

16 Leit hunn 145 Euro misse bezuelen an hunn 2 Punkte verluer well se kee Gurt unhaten. 7 Leit hu während dem Fueren telefonéiert a waren och 145 Euro lass, esou de Bilan vun der Police bei dëser Kontroll.





© Police Grand-Ducale / Facebook


Eng weider Aktioun vun der Police zesumme mat enger Partie Kanner gouf et dann zu Stroossen. Do hunn sech d’Schüler aus 8 verschiddene Klasse vum Cycle 4 aktiv un enger Kontroll bedeelegt. Hei gouf virun allem d'Vitesse gemooss.

Déi Chauffeuren déi ze séier ware goufen op de bestoende Risiko opmierksam gemaach a kruten eng Zitroun mat op de Wee. Déi meescht Automobilisten haten sech awer un d’Vitesse gehal a goufe mat enger Orange an engem Merci vun de Kanner belount.

De Kanner hire Bilan: 3 Këschten Orangen a just e puer Zitrounen.

Der Police hire Bilan: 4 Avertissements Taxés.