Hëllef am Bësch59 Rettungspunkten am Gréngewald installéiert

Domat solle Persounen an Nout sech besser orientéiere kënnen an duerch d'Rettungsequippe méi einfach lokaliséiert ginn.

Leschten Update: 22.09.2017, 18:38:17

59 sougenannte Rettungspunkten op 2'500 Hektar Bësch goufe vun der Naturverwaltung am Kader vun engem Projet am Gréngewald installéiert.

Dës Rettungspunkte si kloer siichtbar op markanten a gutt erreechbare Plazen a Bëschgebidder, déi am Fall vun engem Accident oder engem Noutfall als Orientatiounspunkt fir déi betraffe Persoune solle funktionéieren. Duerch en Noutruff gëtt dann d'Nummer vun deem respektive Punkt un den 112 iwwermëttelt deen esou genee weess, wou d'Asazplaz ass.

Donieft gëtt et och eng Smartphone-App mam Numm „Hilfe im Wald“ mat där deen nächste Rettungspunkt ka lokaliséiert ginn.

Laangfristeg soll dëse System an alle Bëschgebidder zu Lëtzebuerg applizéiert gi fir domat d'Effizienz vun der Hëllef an Noutfäll am Bësch ze verbesseren.