
Bei enger Schéisserei an der Nuecht op e Méindeg zu Las Vegas sinn engem leschte Bilan no, op mannst 59 Mënschen ëm d’Liewe komm an iwwer 500 Persoune goufe blesséiert.
E Mann hat aus engem Hotelszëmmer um 32. Stack, erof op Visiteuren vun engem Concert geschoss. Dee Moment waren eng 30.000 Mënschen um Site vum Festival.
Den Täter soll sech selwer erschoss hunn, huet de Sheriff vu Las Vegas matgedeelt.
Den Täter ass antëscht och identifizéiert. Et soll sech ëm de 64 Joer ale Stephen Paddock handelen. Hie soll op mannst 8 Waffe bei sech gehat hunn.
D’Hannergrënn vun der Dot sinn nach ëmmer onkloer.
Den IS huet d'Dot antëscht fir sech reklaméiert. D’Police geet awer vun engem Eenzeltäter aus, dee keng Verbindungen zu extremisteschen Organisatiounen hat.
Den US-President Trump huet d'Attack als Akt vum "absolute Béise" bezeechent an d'Amerikaner opgeruff zesummen ze halen. Hie léist wéinst dem Attentat d’Fändelen an den USA op Hallefmast setzen. At this time we do not believe there are any more shooters. More information to come shortly from @Sheriff_LVMPD. Confirming that one suspect is down. This is an active investigation. Again, please do not head down to the Strip at this time.
Och de Lëtzebuerger Illusionist David Goldrake war net wäit vun der Onglécksplaz ewech, wéi et geschitt ass. Hien a seng Crew goufen op eng sécher Plaz an der Géigend bruecht.
LINK / De Lëtzebuerger David Goldrake iwwer d'Situatioun op der Plaz!
Wat ass geschitt, wat ass nach onkloer?
Wat ass geschitt?
No enger Schéisserei op engem Museksfestival zu Las Vegas, dem Country-Music Festival „Route 91 Harvest“, huet en Ugräifer bis ewell iwwer 58 Mënschen ëmbruecht, iwwer 500 Persounen goufen blesséiert. Dës Zuel kéint, wéi an de leschten Stonnen schonn, awer nach weider klammen, dëst ass elo mol e provisoreschen Bilan.
Wat ass iwwert den Täter gewosst?
Beim Täter soll et sech ëm de 64 Joer ale Stephen Paddock dréien, deen der Police am Virfeld bekannt war.
Donieft mellt d'Agence AFP, dass den Ugräifer erschoss gouf, dat am Hotelszëmmer, wou de Paddock op d’Leit geschoss huet. Op Videoen ass ze gesinn, dass den Täter aus dem 32. Stack vun engem Hotel op d’Visiteure geschoss huet.
De Brudder vum Ugräifer huet de pensionéierte Kontabel als onopfällegen a räiche Mann beschriwwen. Iwwerdeems hätt hien eng staark Leidenschaft fir Glécksspill gehat.
Wat ass op de Videoen ze gesinn, déi während der Attack opgeholl goufen?
Videoen déi beim "Mandalay Bay Hotel" opgeholl goufe weisen, wéi honnerte Mënschen sech a Panik op de Buedem geheien a probéieren, aus dem Beräich vum Concert erauszekommen. Et ass op de Videoen ze héieren, dass et sech bei der Waff ëm eng automatesch Waff dréie muss.
Wat ass d’Motiv vun der Attack?
Informatiounen iwwert en Hannergrond vun der Dot gëtt et nach keng. D’Ermëttlunge lafen natierlech op Héichtouren.