Iwwerfall um Parking vun enger BankPolice publizéiert Video

Ufank 2017 haten 3 Krimineller e Mann bei enger Lëtzebuerger Bank an der Stad iwwerfall an de Fluchtauto spéider um Briddel a Brand gestach.

Leschten Update: 04.10.2017, 16:08:28

© Facebook Police Grand-Ducale

En Donneschdeg 26. Januar koum et an der Stad virun enger Lëtzebuerger Bank zu engem Iwwerfall, wou 3 Täter dra verwéckelt waren. Hei gouf engem Client mat extremer Gewalt eng Posch mat enger héijer Zomm Geld (ronn 1,3 Milliounen Euro) geklaut a si mat engem groen Audi S3 fortgefuer.





Um Briddel haten dës den Auto jo dunn ugefaangen a sinn iwwert en anere Wee geflücht. Et gëtt ugeholl, dass déi Kriminell aus der Géigend vu Charleroi an der Belsch kommen. E Video vum Iwwerfall gouf elo publizéiert. 

All Informatiounen iwwert de Virfall sinn natierlech fir den 113.