Rouscht-BiissenNees een Doudegen bei Verkéiersaccident

Alt nees ass et op eise Stroossen zu engem déidlechen Accident komm. Dobäi goufen och nach zwou weider Persoune ganz schwéier blesséiert.

Leschten Update: 05.10.2017, 08:01:27

© Police

Een Doudege gouf et en Dënschdeg den Owend géint hallwer 8 op eise Stroossen.

Wéi d'Police matdeelt, waren um CR306 vu Biissen a Richtung Rouscht zwee Ween anenee geknuppt.

An deem enge Gefier waren zwou Persounen, dës goufe schwéier blesséiert.

D'Persoun an deem anere Won war eleng ënnerwee, si ass nach op der Plaz un de schroe Blessure verscheet.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira


De Parquet huet eng Enquête ordonnéiert.

Et ass domat dee 6. Doudegen op de Lëtzebuerger Stroossen bannent 12 Deeg.





Och en drëtten Auto deen hannert dem Accident war, gouf dra verwéckelt, hei blouf et just beim Materialschued.

© Police