Traffic InfoFilmdréi fir "For a Happy Life" op der Autobunn

Opgepasst: Vun 9h30 bis 13h30 gëtt op eisen Autobunnen de Film "For a Happy Life" gedréint! Hei dierfen da keng Gefierer iwwerholl ginn!

Leschten Update: 12.10.2017, 06:58:13

© Domingos Oliveira/RTL Luxembourg

Op folgenden Autobunne gëtt haut vun 9h30 bis 13h30 e Film gedréint:

- Vum Bouillon op d'Escher A4
- Areler A6
- Tréirer A1

"CITA: haut gëtt tëscht 9.30 Auer an 13.30 Auer e Film gedréit op der Autobunn. Et geet vum Bouillon aus op d'Escher A4, dann eriwwer op d'Areler A6, Tréirer A1 Richtung Tréier bis op de Kierchbierg. Déi Zäit kënnen d'Gefierer net iwwerholl ginn"

Et dréit sech hei em en Tournage vun enger Lëtzebuerger Koproduktioun mam Titel "For a Happy Life", dat realiséiert vum Dimitri Linder a Salima Glamine, co-produzéiert vun "Tarantula Luxembourg", esou de Lëtzebuerger Film Fund. 

Wéi mer vum CITA matgedeelt kruten, géif dat ganzt allerdéngs kee Stau produzéieren, d'Autobunn gëtt also net gespaart. Vill éischter géif den Tournage op engem Unhänger geschéien, deen en Auto drop gelueden huet. Hei sëtzen da Schauspiller dran, déi bei enger Vitesse tëscht 70-80 km/h vu Kamerae gefilmt ginn. Et soll een op dëser Plaz dann och net iwwerhuelen.