Vill méi no wéi de MoundAsteroid ass relativ no laanscht d'Äerd geflunn

Den Asteroid 2012 TC4 ass der Äerd en Donneschdeg relativ no komm. En ass mat engem Ofstand vu ronn 44.000 Kilometer laanscht d'Äerd geflunn.

Leschten Update: 13.10.2017, 04:57:04

© NASA/AFP/Archiv/Ho (Beispillfoto)

Een Asteroid ass en Donneschdeg de Muere relativ no laanscht d’Äerd geflunn.

Am nooste koum en ons um 7h41 mat ronn 44.000 Kilometer Ofstand.

Am Verglach: d’Distanz tëscht der Äerd an dem Mound läit bei ronn 400.000 Kilometer.