NidderkäerjengMann menacéiert jonk Skater mat enger Loftpistoul

3 jonk Skater hunn ee Mann vun Nidderkäerjeng richteg rose gemaach. Als éischt huet hien eng Taass op si geworf, an dono d'Loftpistoul eraus geholl.

Leschten Update: 13.10.2017, 04:57:11

© eldo archive

Een ongewéinlechen Asaz hat d’Police dëse Mëttwoch Owend zu Nidderkäerjeng.

3 Jugendlecher waren hei mam Skateboard ënnerwee an hu mat enger Dreckstut gespillt.

Een Awunner war sou genervt vun hinnen, dass hien eng Kaffistaass op si geworf huet.

Déi jonk Leit hun d’Schierbelen opgeraf an si dem Noper op d’Terrass geluecht.  Deen ass doropshin esou rosen ginn, dass hien seng Loftpistoul eraus geholl huet.

Déi Jonk hunn dunn d’Police geruff. Et huet sech eraus gestallt, dass d’Pistoul net dem Reglement entsprach huet. De Mann gouf protokolléiert an d’Waff konfiskéiert