Crowdfunding-Zil erreechtSchweden organiséiert e Festival exklusiv fir Fraen

No de Vergewaltegungen um "Bravalla"-Festival während dem Summer 2016, wäert Schweden elo e Festival organiséieren, deen nëmme fir Fraen ass.

Leschten Update: 13.10.2017, 14:14:11

© Wikipedia

Schweden organiséiert während dem Summer 2018 den éischte Festival exklusiv fir Fraen mam Numm "Statement Festival". De Steen an d’Rulle bruecht huet eng Crowdfunding Campagne, déi elo genuch Geld gesammelt huet. 

Am ganze goufen 52.000 Euro gesammelt. Dëst ass kloer als eng Reaktioun op déi vill sexuell Iwwergrëffer ze verstoen, déi an de leschte Joren op Festivallen geschitt sinn.

4 Frae goufen jo ënnert anerem um "Bravalla"-Festival a Schweden 2016 vergewaltegt, 23 weider Plaintë wéinst sexueller Belästegung koumen do nach hannendrun.

Iwwregens gouf et schon um "Glastonbury"-Festival dëst Joer e Beräich dee just fir Frae geduecht war. 

Hei geet et op de Crowdfunding-Site bei Kickstarter!

Links