„Anti-Israel-Virworf“USA verloossen UNESCO

An Zukunft wäerten d'USA an der UNESCO just nach e Beobachterposten hunn.

Leschten Update: 13.10.2017, 14:14:20

© Miguel MEDINA / AFP

Wéi d'USA den Donneschdeg matdeelen, wäerten si aus der UN-Kulturorganisatioun UNESCO austrieden. Den US-Ausseministère huet de Schratt ënner anerem domat begrënnt, dass d'Institutioun eng „grondleeënd Reform“ bräicht an ëmmer méi „anti-israelesch“ Positiounen géif vertrieden.

D'UNESCO hat e puer mol Israel-kritesch Resolutiounen ugeholl, wourop d'Regierung zu Jerusalem déi finanziell Bäiträg verréngert hunn.

D'Generaldirectrice vun der UNESCO, Irina Bokova huet dann och an enger Stellungnam d'Decisioun vun den USA bedauert a gemengt, dass den Austrëtt vun den USA e Verloscht fir d'UNESCO wier.

Wéi et donieft aus dem State Department heescht, wäert den Austrëtt aus der UN-Organisatioun fir Bildung, Wëssenschaft a Kultur mam 31. Dezember 2018 wierksam ginn. Duerno wäerten d'Staaten dann nëmmen nach e Beobachterstatus hunn.