KierchbiergFalschen Alarm am Gebai vun der EU

Well eng Persoun widder de en Alarm-Knäppche komm ass, huet dat ganzt Gebai missten evakuéiert ginn.

Leschten Update: 13.10.2017, 14:14:23

© 5minutes.lu / Reporter

Am Gebai vun der Europäescher Unioun (Parlamentsgebai) um Kierchbierg koum et den Donneschdeg géint 16.00 Auer zu engem falschen Alarm. All d'Mataarbechter hunn d'Gebai dorops hi misste verloossen.

Wéi et heescht wier eng Persoun iertemlecherweis widder den Alarm - Knäppche komm.

20 Minutten drop konnten d'Mataarbechter dunn erëm zeréck an hir Büroe goen.