Kritik vun ASBL„Tramsprojet ass eng Investitiounsruin“

D'ASBL „Innovatioun Öffentlechen Transport 2015“ mengt, dass d'Transport-Capacitéiten duerch den Tram erofginn - mat massiven Auswierkungen op de Verkéier!

Leschten Update: 13.10.2017, 17:13:50

© Luxtram

An engem Communiqué vun der ASBL „Innovatioun Öffentlechen Transport 2015“ gëtt et nawell ferm Kritik um Tramsprojet. Do gëtt de Verglach tëscht Tramslinn a Buslinne vum Kierchbierg bis op d'Gare an ëmgedréint gemaach.

6'000 Persoune soll den Tram deemno pro Stonn a Richtung mathuele kënnen, bei de Buslinne wieren et der duebelt esou vill, nämlech 12'000, esou d'ASBL.

Donieft géif den 3-Minutten-Takt vum Tram de Verkéier immens behënneren, wann en awer just all 10 Minutte géif fueren, da géif d'Transportzuel nach weider erofgoen.

LINK / Liest hei de ganze Communiqué!

Der Rechnung vun der Associatioun no géif den Tram z.B. op der Streck Avenue de la Liberté - Boulevard Royal e Verloscht vun der Transport-Capacitéit vun op mannst 6'000 Persounen no sech zéien.

D'Konsequenze si fir d'ASBL domat kloer: Den individuelle Verkéier géif zesumme briechen an de Verloscht vun der Capacitéit kéint net ausgeglach ginn.

Fir dëser „Investitiounsruin“ aus dem Wee ze goe, misst dofir de Projet vun engem neutralen Expert nach emol analyséiert ginn, esou d'Fuerderung vun der ASBL.