GucciAn Zukunft verzicht een op Pelz

De Kampf géint Pelz gewënnt een neie prominenten Ënnerstëtzer: den italienesche Luxuslabel Gucci wëll an Zukunft op Pelz verzichten.

Leschten Update: 14.10.2017, 15:39:57

© AFP/GIUSEPPE CACACE

Déi italienesch Luxusmark Gucci verzicht an Zukunft op Déierepelz. Vun der Summerkollektioun 2018 un wäert d’Entreprise keng Pelzer méi benotzen, heescht et vum Entreprisechef Marco Bizzarri. De Rescht vu Pelz dee nach stockéiert wier, soll op enger Auktioun versteet ginn. De Gewënn vun dëser Auktioun soll dann un Déiereschutz-Organisatioune gespent ginn.