Camion a BrandVill Stau op der A3 an A1 a Richtung Stad

De Mëttwoch de Mueren koum et a Richtung Stad op der A1 an der A3 zäitweis zu zesummen iwwer 30 Kilometer Stau.

Leschten Update: 19.10.2017, 08:14:54

© CIBETT

Wéinst engem Camion, deen op der Diddelenger A3 a Richtung Stad tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz gebrannt huet, koum et de Mëttwoch de Mueren zu massive Behënnerungen op där Plaz an op den alternative Weeër.

© CIBETT

Séier huet et bis wäit hanner déi franséisch Grenz gestaut.

© CIBETT

Och op der Tréierer A1 goufen zäitweis iwwer 18 Kilometer Stau gemellt.