MI5 warntTerror-Ermëttlunge mat historeschen Ausmoossen

Wéi den MI5 den Dënschdeg matgedeelt huet géifen de Moment eleng beim Geheimdéngscht ronn 500 Enquête géint 3'000 Persoune lafen.

Leschten Update: 19.10.2017, 06:09:48

© Tolga AKMEN / AFP

De britesche Geheimdéngscht MI5 ënnerhëlt eegenen Aussoen no de Moment Terrorismus-Enquêten an engem Ausmooss, deen et bis ewell nach net gouf.

De Chef vum Geheimdéngscht Andrew Parker sot den Dënschdeg bei enger Ried zu London, dass de Moment 500 Ermëttlungen zu zesumme ronn 3'000 Persoune géife lafen, déi an extremistesch Aktivitéiten involvéiert wieren.

Grond dofir wier déi grouss Terrormenace. Britesch Sécherheetsautoritéiten hätten doriwwer eraus an de leschte 4 Joren 20 islamistesch Attacke kënne verhënneren, dovun eleng 7 an de leschte 7 Méint.

Den MI5-Chef huet och virum Problem gewarnt, dass hautdesdaags Uschléi immens séier kéinten ausgefouert ginn. Vum Plang bis zur Attack kéint en heiansdo nëmmen e puer Deeg daueren. Dëst an d'Ausnotze vu séchere Plazen am Internet géif d'Enquêten immens schwéier maachen.