Zu ObelerVermëssten Norbert Mersch gouf dout opfonnt

D'Police war den Hiweiser vun der Populatioun nogaangen an hat bei enger Sichaktioun e Mëttwoch d'Decouverte gemaach.

Leschten Update: 19.10.2017, 12:02:43

© Eldoradio

Wéi d'Police matdeelt gouf d’Sich nom vermësste Norbert Mersch vu Näerzeng agestallt, vun deem jo zanter e Sonndeg all Spur gefeelt hat. De Mann gouf, wéi et heescht, dout vun den Autoritéiten en Mëttwoch opfonnt.

Eng jett Leit waren dem Opruff vun der Police dann och nogaangen an haten de Beamte gemellt, datt den Auto vum Mann zu Obeler gesi gi war. D'Police hat eng Sichaktioun lancéiert an d'Läich vum 61-järegen entdeckt. Éischten Erkenntnisser no soll keng Gewaltawierkung um Mann visibel gewiescht si woufir een och vu kengem Friemverschëlden ausgeet.

Déi genee Doudesursaach muss iwwert eng Obduktioun gekläert ginn.