
© AFP/Archives/BRENDAN SMIALOWSKI
Bal 54 Joer nom Mord um US-President John F. Kennedy sollen 2.800 Geheimakten zu dem Fall publizéiert ginn. Dat huet den US-President Trump an der Nuecht op e Freideg ordonnéiert. E puer honnert Dokumenter bleiwen awer weider ënner Verschloss. Wéi et aus dem Wäissen Haus heescht, ass den Trump domat enger Demande vun e puer Geheimdéngschter wéi FBI a CIA nokomm. Si hätten elo 6 Méint Zäit fir d’Akten nach eemol z'iwwerpréiwen. D’Dokumenter sollen ënnert anerem Detailer iwwer Informanten enthalen.
