FrankräichErhéijung vu Softdrink- an Tubakssteier

De Grond fir d'Softdrinkssteier sollen Diabetis an Iwwergewiicht sinn. Bis 2020 soll ee Pak Zigaretten 10 Euro kaschten.

Leschten Update: 29.10.2017, 17:21:16

© KAREN BLEIER / AFP

Frankräich erhéijt d’Steiere fir zockerhaltegt Gedrénks an Tubaksproduiten. Dat huet d'Nationalversammlung zu Paräis an der Neucht vun e Donneschden op e Freiden decidéiert.

De Grond fir d’Erhéije vun der sougenannter "Softdrink-Steier" war déi wuessend Zuel un Iwwergewiichtegen an d'Preventioun vun Diabetis a Frankräich.

Déi erhoffte Wierkung op d’Produzenten ass dann déi, datt se manner Zocker an hir Produite solle maachen. Bei den Zigarette soll de Präis etappeweis bis 2020 op 10 Euro pro Pak gesat ginn.