
© LIONEL BONAVENTURE / AFP
Wien an Zukunft eng Noriicht ze séier, onverbessert oder un de falschen Empfänger op WhatsApp verschéckt kann des vun e Samschden un läschen, dat huet de Kuerznoriichtendéngscht matgedeelt.
Et huet een d'Méiglechkeet bestëmmten Noriichten, déi een a Gruppen oder Eenzelpersoune schreift fir all déi Bedeelegt ze läschen,
Een Hoke gëtt et. Et sollt een de Feeler besser sou séier wéi méiglech nees réckgängeg maache, well no 7 Minutten ass d'Läschen net méi méiglech.
Am Plaz vum urspréngleche Message wäert dann "dës Noriicht gouf geläscht „ dohinner stoe kommen.
Fir dat et geet muss en just déi neiste Versioun eroflueden.