Méi Sécherheet virun AggressiounenBodycams an Tasere fir d'Police?

D'DP-Deputéiert wëlle vum Étienne Schneider wëssen ob een driwwer nogeduecht hätt fir d'Police mat Bodycams an Elektroschocker z'ékippéieren.

Leschten Update: 06.11.2017, 19:10:33

© GUILLAUME SOUVANT / AFP

D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty wëllen an enger parlamentarescher Fro un den Minister fir bannenzeg Sécherheet Etienne Schneider wëssen ob ee Wëlles hätt d‘Police hei am Land mat Bodycams an Taseren, also Elektroschocker, z'ékippéieren.

Well eng Ausernanersetzung virun engem Restaurant am Garer Quartier an der Stad ganz rezent hätt bewisen, datt d’Autoritéiten zu Lëtzebuerg net virun Aggressioune geschützt sinn.

Wéi et heescht, hätt ee bei den däitschen Noperen, méi genee der Police vun Tréier, ganz positiv Erfarunge mat den 2 Apparater gemaach. Well wéi Tester erginn hätte géife Bodycams an Tasere reng statistesch dofir suergen datt d’Situatiounen sech nees berouegen. Eleng d’Annonce vum Asaz vum Taser hätt d’Gewaltbereetschaft staark beaflosst.

Donieft wëllen d’Deputéiert nach vum zoustännege Minister wësse wéi vill Iwwergëff et an deene leschten 10 Joer gouf a wéi ee gedenkt eppes dogéint z’ënnerhuelen?