Amazon PrimeLëtzebuerg ka vun elo un vun der Offer profitéieren

Wéi Amazon bekannt ginn huet, wäert et Clienten zu Lëtzebuerg méiglech sinn, "Amazon Prime" ze abonnéieren, an sou vun de Virdeeler ze profitéieren

Leschten Update: 09.11.2017, 13:20:51

© Josep Lago AFP

Amazon huet e Mëttwoch de Muere bekannt ginn, dass et "Amazon Prime" och elo wäert zu Lëtzebuerg ginn.

Clienten déi Prime-Member op Amazon ginn, profitéiere jo vun enger Rei Virdeeler.

Dozou gehéieren onbegrenzten a gratis Porto, d’Liwwerung bannent engem eenzegen Dag fir eng ganz Partie u Produiten, sou wéi onlimitéierten Zougang op de Streaming-Déngscht Amazon Prime Video.

E Joresabonnement ka fir ronn 49 Euro geholl ginn, respektiv fir knapp 4 Euro de Mount, dat elo mol am Ufank vun der Offer.

An Zukunft plangt Amazon dann och d’Offer fir Amazon Prime ze diversifiéieren, dat souwuel bei de Produiten, wéi och beim Video-Streaming Déngscht. 

© amazon.de