BundesverfassungsgeriichtDäitschland fuerdert en 3. Geschlecht

Niewent "Weiblech" a "Männlech" soll elo och eng 3. Optioun dobäikommen, nämlech "Positiv". Däitschland wier domatte Virreider an Europa.

Leschten Update: 09.11.2017, 13:20:44

© Prakash MATHEMA / AFP

Dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht fuerdert elo, dass intersexuell Persounen d’Méiglechkeet kréien en eegent neit Geschlecht an hirem Acte de Naissance festzeleeën.

Niewent „weiblech“ a „männlech“ soll et mat „positiv“ och elo en 3. Geschlecht ginn, ënnert dat ee fale kann. Intersexuell Mënsche si jo Leit, déi sech virun allem biologesch weder als weiblech nach als männlech gesinn.

Dës 3. Optioun legitiméiert d’Geriicht mam sougenannte Perséinlechkeetsrecht dat am däitsche Grondgesetz steet. Ronn 80.000 Leit an Däitschland, esou d’Schätzungen, géifen an dës 3. Kategorie falen.

Enn 2018 kéint dat ganz am Bundestag gestëmmt ginn. Däitschland wier domatten dat 1. Land an Europa, dat en 3. Geschlecht offiziell géif unerkennen.