PoliceLäich an der Salzbaach bei Wolz identifizéiert

Wéi d'Autopsie erginn huet kann ee Friemverschëlden ausgeschloss ginn. Et handelt et sech ëm de Mann, deen zanter dem 6. Oktober vermësst gouf.

Leschten Update: 15.11.2017, 04:37:03

© Eldoradio

E Samschden den 11. November gouf eng Läich an der Salzbaach bei Wolz fonnt. Wéi d’Police en Méindeg mellt, huet d’Autopsie déi en Méindeg de Mueren duerchgefouert gouf, erginn datt et sech bei der doudeger Persoun ëm dee Mann handelt, deen zanter dem 6.Oktober vermësst gouf. Donieft konnt keng Friemawierkung un der Läich festgestallt ginn, heescht et weider.